Home

D‘Sektioun vun der Schräinerei

D’Formatioun vum Schräiner dauert 3 Joer a gëtt mat engem DAP (Diplôme d‘aptitude professionnelle) ofgeschloss.
Des Formatioun steet ënnert engem Léierkontrakt a gëtt deelweis an engem Betrib (praktesch Formatioun) an deelweis am Lycée (theoretesch Formatioun) ofgehalen.










Spezialiséiert Fächer sinn:

  • technescht Zeechnen
  • Fachrechnen
  • professionell Theorie
  • Ateliersaarbechten


Folgend Fäegkeete kënnen nëtzlech sinn:

  • gutt kierperlech Verfaassung
  • manuell Geschécklechkeet
  • Interessi un Holzaarbechten

Perspektiven um Aarbechtsmarché:

  • Plangen an Hierstelle vu Miwwelen, Mauerverkleedungen, Dieren, Fënsterrummen, etc.
  • Ënnerhalen a Restauréiere vun Holzmiwwelen
  • Flächebehandlung (Huwwelen, Schläifen, Usträichen, Wuessen)
  • Handhabung an Entretien vun de Maschinnen an dem Geschir
  • Sécherheets- a Gesondheetskontroll
Menuiserie

Aschreiwungskonditiounen:

  • gepackte 5G mam «niveau globalement de base» oder «globalement avancé»
  • gepackte 5AD mat engem «niveau fort» an der Mathé
  • 5P mat 45 Moduler (dovun 8 an der Mathé)



Formulaire d’inscription










Maacher Lycée

B.P. 29

L-6701 Grevenmacher

Tel: 75 06 65 - 0 // Fax: 75 06 65 -5200

E-mail: Eis per Mail kontaktéieren.




Den MLG op Facebook       Den MLG op Facebook       HomePage MLG


Version française / Lëtz. Versioun

© Team MLG 2020