Home

D’Sektioun vun der Mechanik

D‘Formatioun an der Mechanik am Maacher Lycée dauert 3 Joer a féiert zu engem DAP (Diplôme d‘aptitude professionnelle) als Industriemechaniker.
Des Formatioun gëtt vollzäit an eisem Lycée ofgehalen, kombinéiert mat e puer Stagen a Betriber.

En Industrie- an Wartungsmechaniker këmmert sech haaptsächlech em den Entretien an d ‘Reparatur vu Produktiounsmaschinnen, déi aus verschiddene mechaneschen, hydrauleschen oder elektreschen Deeler bestinn. Mat dëser Formatioun kann een an ville verschiddene Beräicher schaffen, wei zum Beispill an der Autosindustrie oder an der Elektronik- oder Metallindustrie.







Spezialiséiert Fächer sinn:

  • Hydraulik
  • Technescht Zeechnen
  • Fachrechnen
  • Fabrikatioun
  • Schweessen
  • Montéieren


Folgend Fäegkeete kënnen nëtzlech sinn:

  • technescht Verständnis
  • manuell Geschécklechkeet
  • logescht Denken

Perspektiven um Aarbechtsmarché:

  • Inspektioun a Kontroll vun industrielle Maschinnen
  • Diagnostique vu Fehlfunktiounen a Reparaturen
  • Mise en service a Montage
Mecanique

Aschreiwungskonditiounen:

  • gepackte 5G mam «niveau globalement de base» oder «globalement avancé»
  • gepackte 5AD mam «niveau fort» an der Mathé
  • 5P mat 45 Moduler (dovun 8 an der Mathé)



Formulaire d’inscription










Maacher Lycée

B.P. 29

L-6701 Grevenmacher

Tel: 75 06 65 - 0 // Fax: 75 06 65 -5200

E-mail: Eis per Mail kontaktéieren.




Den MLG op Facebook       Den MLG op Facebook       HomePage MLG


Version française / Lëtz. Versioun

© Team MLG 2020