Home

D’Sektioun vun der Elektrotechnik

D’Formatioun an der Elektrotechnik dauert 3 Joer a féiert zu engem DAP (Diplôme d‘aprtitude professionnelle) als Energieelektroniker (électronicien en énergie).

Dës Formatioun kann nom régime «concomitant» (deels am Lycée, deels beim Patron) oder vollzäit am Lycée gemaach ginn.

Den Energieelektroniker plangt an erstellt Energieversuergungsanlagen. Hien installéiert se, start se a këmmert sech em den Entretien. Hie kann eng Plaz fannen an deene verschiddene Beruffer vun der Elektronik, wei zum Beispill bei der technescher Ausrüstung vun engem Gebai oder bei enger Luuchteninstallationsfirma, déi sech em d ‘Beschëlderung an d’Signaler op der Strooss oder bei Zuchschinne këmmert.


Aschreiwungskonditiounen:

  • gepackte 5G mam «niveau globalement de base» oder «globalement avancé»


Formulaire d’inscription


Mat engem DAP-Diplom als Energieelektroniker hues Du d’Méiglechkeet:

  • als qualifizéierten Aarbechter schaffen ze goen
  • weider technesch Formatiounen an der selwechter Spezialisatioun ze maachen
  • an eng méi héich Klass am “Enseignement Secondaire Général” ze goen
  • eng Meeschterprüfung ofzeleeën
Electro








Maacher Lycée

B.P. 29

L-6701 Grevenmacher

Tel: 75 06 65 - 0 // Fax: 75 06 65 -5200

E-mail: Eis per Mail kontaktéieren.




Den MLG op Facebook       Den MLG op Facebook       HomePage MLG


Version française / Lëtz. Versioun

© Team MLG 2020