Home

Sektioun vum Commerce an der Administratioun

Dat kommerziellt an administrativt Departement vum Maacher Lycée riicht sech un déi Schüler, déi un der wirtschaftlecher a finanzieller Welt interesséiert sinn, e Sënn fir Organisatioun hunn, wësse, wéi een op eng ordentlech a präzis Manéier schafft, deenen de Kontakt mat Leit einfach fällt an déi e gewëssent Talent an eisen dräi Amtssproochen hunn.



Formatiounen:

  • Diplom vum Technicien administratif et commercial (DT) (4 Joer)
  • Diplom d’aptitude professionnelle als Agent administratif et commercial (DAP) (3 Joer)
  • Diplom d'aptitude professionnelle als Conseiller en vente (DAP) (3 Joer)



Enseignéiert Kompetenzen:

  • nei Technologien
  • Gestioun vun enger Entreprise
  • Accueil a Berode vu Clienten
  • Comptabilitéit
  • Ressources humaines
  • Droit
  • Organisatiounstechniken
  • mëndlech a schrëftlech Kommunikatioun
  • Productioun vu professionnellen Dokumenter
  • Economie politique
Commerce
De Maacher Lycée verfügt iwwer e spezielle Klassesall, deen informatesch impeccabel equipéiert ass a gläichzäiteg de perfekten Opbau huet, fir d'Schüler a Saachen Entreprisen auszebilden.

Aschreiwungskonditiounen:

DT - Technicien administratif et commercial:

  • gepackte 5G mam «niveau globalement avancé»
    oder
  • gepackte 5G mam «niveau de base» mat gudden Notten am Franséischen an Engleschen oder am Franséischen an Däitschen

DAP - Agent administratif et commercial:

  • gepackte 5G mam «niveau globalement de base» oder «avancé»

DAP - Conseiller en vente:

  • gepackte 5G mam «niveau globalement de base» oder «avancé»
  • gepackte 5AD
  • 5P mat 45 Moduler



Formulaire d’inscription











Maacher Lycée

B.P. 29

L-6701 Grevenmacher

Tel: 75 06 65 - 0 // Fax: 75 06 65 -5200

E-mail: Eis per Mail kontaktéieren.




Den MLG op Facebook       Den MLG op Facebook       HomePage MLG


Version française / Lëtz. Versioun

© Team MLG 2020