Home

D’Sectioun vun der Coiffure

D’Formatioun vum Coiffer dauert 3 Joer a gëtt mat engem DAP (Diplôme d‘aptitude professionnelle) clôturéiert. .

Dës Formatioun steet ënnert engem Léierkontrakt an gëtt deelweis an engem Betrib (praktesch Formatioun) an deelweis am Lycée (theoretesch Formatioun) ofgehalen. .

Mat engem DAP als Coiffer hues de ënnert anerem d’Méiglechkeet op eng Weiderbildung, op eng Positioun als Gérant vun engem Betrib oder dech selbststänneg ze maachen.



Spezialiséiert Fächer sinn:

  • Pfleeg vun der Kapphaut an den Hoer
  • verschidde Faarwen
  • chemesch Zesummesetzung vun de Produkter
  • verschidden Technike vum Schneiden a Friséieren

Folgend Fäegkeete kënnen nëtzlech sinn:

  • Sécherheet am Clientskontakt an Héiflechkeet
  • Kreativitéit
  • manuell Geschécklechkeet
  • Beherrschung vun e puer Sproochen

Aschreiwungskonditiounen

  • gepackte 5G mat engem «niveau globalement de base» oder «avancé»
  • gepackte 5AD
  • 5P mat 45 Moduler
Coiffure

De Maacher Lycée huet e spezielle Coiffeursatelier, dee mat allen noutwendege Geräter a Materialien ausgestatt ass.




Formulaire d’inscription











Maacher Lycée

B.P. 29

L-6701 Grevenmacher

Tel: 75 06 65 - 0 // Fax: 75 06 65 -5200

E-mail: Eis per Mail kontaktéieren.




Den MLG op Facebook       Den MLG op Facebook       HomePage MLG


Version française / Lëtz. Versioun

© Team MLG 2020