Home

De Projet Français +

Ziler:

  • d'Schwieregkeete vun deene Schüler ausgläichen, déi méi schwaach am Franséische sinn, dat duerch Motivatioun a Verdéiwung vun der Matière
  • d'Kompetenzen am Mëndleche verbesseren
  • d'Verständnis vun der Matière an der Mathé erhéijen
  • de mathematesche Vocabulaire ophuelen

Fonctionnement

Français +


  • méi Wochestonne Franséisch
  • Approche, déi op d'Motivéiere vum Schüler an d' Verdéiwung vun der Matière baséiert
  • Méiglechkeet, sech an d'Optioun 7Français ++ anzeschreiwen, fir bei méi spezifeschen Aktivitéite matzemaachen

Mathé op Däitsch

  • Mathéscours op Däitsch
  • Preparatioun op Franséisch als Unterrëchtssprooch op 6eG a 5eG
  • Dictionnaire op Franséisch an Däitsch fir mathematesch Fachbegrëffer

Aschrewiwungsmodalitéiten:


De Projet Français + ass, op Demande vun den Elteren, zougänglech fir déi Schüler, déi allgemeng e gudden Niveau hunn, mee sech mam Franséische schwéier don, awer och fir déi, déi op hirem Orientatiounsformulaire ugerode kruten, speziell Coursen am Franséischen ze besichen.

Déi zousätzlech Coursen am Franséische sinn och fir Schüler op enger 7e Classique zougänglech, déi staark Schwieregkeeten am Franséischen hunn.

D'Coursen an der Mathé op Däitsch si Schüler vun enger 7e Générale virbehalen.
F+




Maacher Lycée

B.P. 29

L-6701 Grevenmacher

Tel: 75 06 65 - 0 // Fax: 75 06 65 -5200

E-mail: Eis per Mail kontaktéieren.




Den MLG op Facebook       Den MLG op Facebook       HomePage MLG


Version française / Lëtz. Versioun

© Team MLG 2020