Home

7e vun der Voie de préparation

D'Ziler

Individuell Potenzialer ze entwéckelen


De personaliséierten Unterrecht an der Voie de préparation erlaabt et:


  • pedagogesch Methoden ze entwéckelen, déi d'Fäegkeeten an d'Potenzial
    vun all eenzelnem Schüler notzen
  • all Schüler déi néideg Zäit ze widmen, fir dass dëse seng Ziler erreeche kann
  • all Schüler optimal op säi Passage an de Cycle supérieur virzebereeden

Berufflech Perspektiven opmaachen


Den Unterrecht an der Voie de préparation huet zum Zil:


  • jidderengem eng Chance op eng Qualifikatioun ze ginn
  • e Maximum u Schüler op e Wee ze bréngen, deen hinnen et erlaabt,
    hir Perspektiven um Aarbechtsmarché ze verbesseren
  • en neit Konzept fir den Iwwergang vun der Educatioun an de Beruff ëmzesetzen

Den Zweck vun der Voie de préparation


Den Zweck ass et, all Schüler d'Chance ze ginn, d'Schoul mat engem Diplom ze verloossen.

Déi Schüler, déi sech an den Atelieren méi wuel fillen, kënne sech fir de Wee an eng Beruffsausbildung (CCP - Certificat de capacité professionnelle) entscheeden.

Déi Schüler, déi gutt Punkten hunn, kënne vum Conseil de classe op eng 6e Générale oder eng 5e AD (d'adaptation) orientéiert ginn. D'AD-Klasse bereeden op en DAP (Diplôme d'aptitude professionnelle) vir.

7eP
7eP

D'Moduler


All d'Fächer vun der Voie de préparation ginn a Moduler ënnerriicht


  • All Schüler schafft a séngem eegene Rhythmus.
    E steigt méi séier a Fächer op, an deenen e gutt ass
    an huet méi Zäit, fir Matière ze verschaffen, an deenen e Problemer huet.
  • E schafft regelméisseg zesumme mat sénger Klass mee an der Mathe,
    am Franséischen an am Däitschen ass en an engem Module vu séngem Niveau.
  • D'Zensur vun all Trimester zielt nëmmen déi gepackte Moduler op.
    De Complément vun der Zensur zielt d'Fächer op, déi nom Prinzip vun de Moduler
    fonctionnéieren. En informéiert och iwwer d'Moduler, déi de Schüler amgaang ass ze maachen.


Formulaire d’inscription





Maacher Lycée

B.P. 29

L-6701 Grevenmacher

Tel: 75 06 65 - 0 // Fax: 75 06 65 -5200

E-mail: Eis per Mail kontaktéieren.




Den MLG op Facebook       Den MLG op Facebook       HomePage MLG


Version française / Lëtz. Versioun

© Team MLG 2020