Home

BTS-AMA

BTS : Assistant Médico-Administratif

Allgemeng Beschreiwung


Den Assistant médico-administratif bitt eng performant administrativ Hëllef op engem héijen technologeschen Niveau am medizinesche Beräich. Hien ass déi riets administrativ Hand vum Dokter, empfänkt Patienten, traitéiert Dossieren a kann eng grouss Responsabilitéit a Kompetenz a medizinesche Strukturen iwwerhuelen.

BTS-AMA

Kompetenze vum Beruff


  • Patienten empfänken an se iwwer hiren Dossier informéieren
  • mëndlech a schrëftlech op verschiddene Sprooche kommunizéieren
  • Informatioune séier a feelerfräi verschaffen
  • seng Aufgaben an d'Zäit optimal geréieren
  • en Tableur benotzen
  • tëschemënschlech Bezéiungen an engem multikulturellen Ëmfeld pfleegen
  • d'Comptabilitéit am medizinesche Beräich managen
  • am Beräich vun der mënschlecher Medizin a vun der Veterinärmedizin asetzbar sinn
  • déi medizinesch Terminologie a verschiddene Sprooche beherrschen
  • eng urgent Situatioun erkennen an 1. Hëllef leeschten
  • mat der medizinescher a sozialer Gesetzgebung vertraut sinn an déi wichtegst Dokumenter a Prozedure kennen

Perspektiven


Informatiounen iwwer d'berufflech Méiglechkeeten no der Formatiounen fannt Der an der Brochure iwwer de BTS:
BTS-AMA

Aschreiwung


All Demande fir dës Formatioun soll eng Lettre de motivation op Franséisch oder Däitsch souwéi en aktuellen CV bäileien.

Op Demande kann den Aschreiwungsdossier och als Pabeierversioun am Sekretariat vum Lycée ofgeholl ginn.

Formulaire d inscription 2020

Datumen an Delai'en

Aschreiwungsfristen:
  • 1. Aschreiwungsphas: 15. Juli 2020 um 12:00 Auer
  • 2. Aschreiwungsphas: 11. September 2020 um 12:00 Auer

  • Datum vun der Rentrée:
  • Accueil vun de Studenten: 18. September 2020

  • Ufank vun de Coursen:
  • 21. September 2020
  • Viraussetzungen


    • 1ière-Diplom (egal wéieng Sektioun)
    • Diplom vum «régime de la formation de technicien», vun der «division administrative et commerciale» oder vun der «division hôtelière et touristique»
    • Admissioun op Basis vun engem Dossier de candidature an engem perséinlechen Entretien. Deemno wéi mat schrëftlecher Epreuve.
    • Sproochekenntnisser: Niveau B2 am Franséischen an am Däitschen an Niveau A2 am Lëtzebuergeschen


    Conditions d'admission

    Programmer a Stagen


    D'Formatioun vum BTS-AMA ass a verschidde Moduler ënnerdeelt, déi jeweils spezialiséiert Fächer enthalen, ënner anerem d'Kommunikatioun, d'Comptabilitéit, déi medizinesch Wëssenschaften an d'Sproochen. Fir méi genau Detailer klickt op de folgende Link.

    Komplette Programm vun de Moduler a Coursen (externe Link)

    D'Stagen erméiglechen et, dat theoretescht Wëssen an d'Praxis ëmzesetzen an ze verdéiwen. Et ginn 2 Periode vun 8 Wochen zum Schluss vum 1. an 2. Joer, dovu soll een op enger Plaz stattfannen, wou een am staarke Kontakt mat Patiente steet, an een an engem Beräich, an deem een net direkt an der Consultatioun täteg ass.


    Beschreiwung vun de Stagen
    BTS-AMA




    Maacher Lycée

    B.P. 29

    L-6701 Grevenmacher

    Tel: 75 06 65 - 0 // Fax: 75 06 65 -5200

    E-mail: Eis per Mail kontaktéieren.




    Den MLG op Facebook       Den MLG op Facebook       HomePage MLG


    Version française / Lëtz. Versioun

    © Team MLG 2020