Home

3e classique (ESC)

Am Schouljoer 2019/20 huet den MLG an Zesummenaarbecht mam SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l'Innovation Pédagogiques et Technologiques) vum Educatiounsministère e Projet d'Innovation Pédagogique lancéiert.

D'Zil vun dësem Projet ass et, d'Schüler vun de Sectioune B, C an D aus dem Classique op de Premièresexame vun hirer jeweileger Sectioun virzebereeden. D'Schüler kënnen also op folgende Sectiounen hir Etuden am Enseignement secondaire classique vu 7e bis op 1ière verfolgen:

Sectioun B: Schwéierpunkt Mathé
Sectioun C: Schwéierpunkt Naturwëssenschaften
Sectioun D: Schwéierpunkt Economie a Sozialwëssenschaften

D'Klasse vun den dräi Sectiounen hunn dobäi souwuel gemeinsam Coursen, wéi och eenzel Coursen an hire jeweilege Spezialitéiten.

Digitaliséierung vum Enseignement/E-Learning


D'3eBCD-Klasse sinn iPad-Klassen. Dëst informatescht Mëttel gëtt souwuel fir dat digitaalt Léire wéi och am Kontext vun der Dokumentatioun vum Cours an als Multimediainstrument benotzt.



Stage

Op 3e gëtt e Stage gemaach, fir den Interessi vun de Schüler fir e bestëmmte Beräich vun hirer ausgewielter Spezialisatioun opzedecken.

Projeten

  • Travail personnel (TRAPE): schrëftlech (oder aner) Aarbecht
    mat enger Soutenance (mëndlech Presentatioun)


  • "Mini-Entreprise": Formatioun am Entrepreneuriat, déi vun der Associatioun
    vun de "Jonk Entrepreneuren Lëtzebuerg" (JEL) encadréiert gëtt an déi an
    Zesummenaarbecht mat enger Rei Entrepreneuren als Beroder stattfënnt

Inscriptiounsmodalitéiten


D'Aschreiwung op d' 3eBCD ass vum 20. bis den 22. Juli 2020.
All Demande fir eng Aschreiwung muss mat Hëllef vum «Formulaire d'inscription», deen der hei drënner fannt, un den Direkter vum Lycée geriicht ginn.


Néideg Dokumenter:



  • ausgefëllte Formulaire d'inscription vum MLG
  • Lettre de motivation
  • Kopie vun den Zensure vun den zwee leschte Joeren
  • Fir d'Admissioun op 3e BCD muss en Avis d'orientation vun der 4C agereecht ginn
  • Kopie vun der Krankekeesskaart
  • Fiche de départ aus dem fréiere Lycée
3BCD




Maacher Lycée

B.P. 29

L-6701 Grevenmacher

Tel: 75 06 65 - 0 // Fax: 75 06 65 -5200

E-mail: Eis per Mail kontaktéieren.




Den MLG op Facebook       Den MLG op Facebook       HomePage MLG


Version française / Lëtz. Versioun

© Team MLG 2020